Energiepass fir Zweckbauten

Energiepass fir Zweckbauten

Definitioun Zweckbauten resp. Netwunngebaier:
Als Netwunngebai gi Gebaier bezeechent, wou manner ewéi 90% vun der Energiebezuchsfläch zu Wunnzwecker bestëmmt sinn. Zweckbauten si Gebaier, déi eng funktionell Aufgab hunn (funktionell Gebaier).
  • Déi folgend Gebaier gehéieren zum Zweckbau :

Akafszentrum, Buttek, Handel, Büro, Bürosgebai, Restaurant, Brasserie, Bank, Spuerkeess, Bildungsgebai, Spillschoul, Crèche, Schoul, Universitéit, Turnhal, Police, Pompjeesbau, Gare, Fluchhafen, Parkhaus, Tiefbaugarage, Hotel, Industriegebai, Produktiounshal, Sanatorium, Senioren- a Pflegeheim, Spidol, Praxis, Kanner- a Wunnheemer, Läichenhal, ëffentlecht Verwaltungsgebai, Gemeng, Schwemm, asw.


De Règlement grand-ducal vum 31. August 2010 iwwert d’Energieeffizienz vun Netwunngebaier regelt d’Berechnungsmethoden, d’Mindestuferderungen an déi energetesch Zertifizéierung (Energiepass) vun Netwunngebaier.

Vereenzelt Gebaier ënnerleien net dem Reglement, ënner anerem landwirtschaftlech Gebaier mat enger schwaacher Energienofro (Hëtzen < 12°C a kéng Klimaanlag), Gebaier mat enger grousser a permanenter Öffnung no baussen, provisoresch Gebaier (Notzungsdauer < 2 Joer, Kultstätten a fir reliounszwecker genotzte Gebaier an onofhängeg Netwunngebaier mat enger Energiebezuchsfläch vu manner ewéi 50m2.


Vum 1. Januar 2011 un muss bei all Autorisation de bâtir vun engem Neibau, enger Erweiderung an enger Modifikatioun, eng Energieeffizienzberechnung, als Beweis dass d’Ufuerderungen erfëllt sinn an een Energiepass bäigeluecht ginn.

A ganz wéinegen a spezielle Fäll kann een eng Ausnameregelung fir säi Gebai kréien. Virausgesat et mëscht een eng motivéiert Demande mat enger vollstänneger Dokumentatioun (denkmalgeschützte Gebaier, mat Interêt Public, etc.).

Am Fall vun engem Neibau gëtt den Energiepass opgrond vun engem berechneten Energiebedarf erstallt.

Fir all aner Netwunngebaier gëtt den Energiepass opgrond vu gemoose Verbrauchswerter erstallt. Am Fall vun enger Erweiderung oder Modifikatioun ass den Energiepass vum 1. Januar 2011 un obligatoresch.

Vum 1. Juni 2011 un ass den Energiepass och Pflicht am Fall vun enger substantieller Transformatioun, a bei engem Wiessel vum Proprietaire oder Locataire.


Et ginn also zwou ënnerschiddlech Methode fir ee Pass vun Netwunngebaier ze rechnen. Den Energiepass fir Netwunngebaier gëtt ëmmer fir dat komplett Gebai erstallt.

Bei gemëscht genotzte Gebaier (Wunnzweck an Netwunnzweck) wou manner ewéi 90% vun der Energiebezuchsfläch zu Wunnzwecker bestëmmt sinn muss een zousätzlechen Energiepass (Reglement Wunnbau) fir déi zu Wunnzwecker genotzte Fläch erstallt ginn. Et handelt sech heibäi zemools ëm Méifamilljenhaiser, Residenzen a Wunngebaier déi bis elo net zum Wunnbau gezielt goufen.

D’Zertifizéierung vun der Energieeffizienz vun Netwunngebaier consideréiert déi komplett Technik vum Gebai ewéi Beliichtung, Entlüftung, Heizung, Klima, Loftbe- an entfiichter a setzt dofir méi emfangräich Analyse viraus.