Energiepass am Wunnengsbau

Energiepass am Wunnengsbau

Definitioun Wunnbauten:
Zum Wunnbau zielen all Gebaier, wou d'Energiebezuchsfläch (entsprécht an der Regel der behëzter Wunnfläch) zu mindestens 90% fir Wunnzwecker bestëmmt ass. Allgemeng falen heiranner all Een- a Méifamilljenhaiser.

D'Energieeffizienz vu Wunngebaier gëtt duerch d'groussherzoglecht Reglement vum 30. November 2007 an duerch d’Modifikatioune vum groussherzoglecht Reglement vum 31. August 2010 iwwert d’Energieeffizienz vun Netwunngebaier geregelt. Déi aktuell LuxEeb Veruerdnung regelt d'Berechnung iwwert d' Energieeffizienz vu Wunnbauten, leet d'Mindestufuerderungen un d'energetesch Effizienz fest a regelt d’Zertifizéierung vun der Energieeffizienz mat Hëllef vum Energiepass.


Déi offiziell Bezeechnung vum lëtzebuergeschen Energie Zertifikat ass Energiepass.

Am deeglechen Sproochgebrauch fënnt een nach Eco Pass oder Oeko Pass. Si beschreiwen déi eigentlech Aufgab vum Energiepass, nämlech d'Ausweise vun der Gesamtenergieeffizienz, awer net zefriddestellend.


Den Energiepass deelt d'Gebai a Gesamtenergieeffizienzklassen,  Wärmeschutzklassen an a Ëmweltwierkungsklassen an. D'Berechnunge sinn all zwéngend bedarfsorientéiert, d.h. si sinn onofhängeg vum tatsächleche perséinlechen Notzverhalen.

Duerch déi norméiert Berechnungsmethoden ass et fir déi éischte Kéier zu Lëtzebuerg méiglech, Gebaier opgrond vun der Energieeffizienz mateneen ze vergläichen. D'Klassifikatioun um Energiepass geet vun A (geréngen Energiebedarf) bis I (héijen Energiebedarf). Hei entsprécht ee Passivhaus der Klass A (triple-A), een Niddregenergiehaus der Klass B (triple-B), een Energiespuerhaus der Klass C (triple-C). Fir eng Baugenehmegung ze kréie muss an alle Klasse mindestens de Standard D erfëllt sinn.


D'Dokument setzt sech aus 5 Säiten zesummen an gelt 10 Joer. Déi éischt 3 Säite beschreiwen d'energetesch Qualitéit vum Gebai, wei d'thermesch Hüll, d'technesch Anlage vun der Heizung/Klimatisatioun, fir Waarmwaasser a vun der Entlüftung. Op der Säit 4 gëtt deen theoreteschen Endenergiebedarf mam gemoossene reale Verbrauch verglach. Dei lescht Säit vum Pass beschreift d'Eenzelmoossname fir energetesch Verbesserungen. Souwuel Virschléi fir d'Technik wéi och fir d'thermesch Hüll inkl. Fënstere kennen hei gemaach ginn. Déi erreechbar nei Energieeffizienzklass an d'Energieaspuerunge sinn uginn.

  • Een Energiepass fir Wunngebaier muss a folgende Fäll erstallt ginn :

Bei engem Neibau, bei Erweiderungen oder Transformatiounen vun engem bestoende Gebai ass de Pass Deel vun all Bauantrag. Außerdem musse beim Neibau a bei enger Erweiderung vun iwwer 75 m3 gewësse Mindestufuerderunge fir de Wärmeschutz agehal ginn. Ausnahme kennen et bei denkmalgeschützte Gebaier ginn. Och bei enger wesentlecher Renovatioun, wou keng Autorisatioun gebraucht gëtt muss een en Energiepass maache loossen. Bei bestoende Gebaier am Wunnengsbau ass den Energiepass Pflicht wann ee Wiessel vum Proprietaire (Verkaf, Ierfschaft, Schenkung, Stee etc.) oder Locataire (Relocatioun, Leasing, etc.) gemat gëtt.

Déi eenzeg Ausnahmen am groussherzoglecht Reglement, wou also och keen Energiepass muss erstallt ginn, sinn provisoresch opgeriicht Gebaier (Notzungsdauer < 2 Joer) an onofhängeg Gebaier mat manner  ewéi 50 m2 Energiebezuchsfläch.


Den Energie-Pass gëtt ëmmer fir dat komplett Gebai erstallt, egal op et sech ëm een Eefamilljenhaus oder eng Residenz mat méi Appartementer handelt. De Pass muss vum Bauhär resp. dem Promoteur, dem aktuelle Proprietaire resp. dem Syndic vun de Coproprietaire an Optrag ginn an och bezuelt ginn. Den originale Pass muss dem neie Proprietaire gi ginn. Beim engem Wiessel vun de Locataire, muss dem neie Locataire eng Copie conforme gewise ginn.