Gutt ze wëssen

Gutt ze wëssen

Gültegkeet
Passt ob, dass den Energiepass den Dir kritt fir Lëtzebuerg gülteg ass. Den Energiepass muss vun engem Architekt oder berodenden Ingenieur vum OAI, oder awer vun engem zougeloossenen Expert erstallt ginn.  Zu Lëtzebuerg ass nëmmen dee bedarfssorientéierten Energiepass zougelooss. Duerch normaliséiert Rahmebedéngungen ass et méiglech verschidde Gebaier ënnerteneen ze vergläichen. Déi verbrauchsorientéiert Berechnungsmethod, wei se a puer vun eise Nopeschlänner ze fannen ass, féiert zu Lëtzebuerg net zu engem valabelen Energiepass.

Dem Expert seng Missioun
Bei bestoende Gebaier fänkt d’Aarbecht vum Expert mat der Visite-des-Lieux un. D’Ziel vun der Visite ass de Client bäi Bedarf iwwert den Energiepass an d’Energieeffizienz vun dem Gebai opzeklären, virleiend Pläng mam Istzustand ofzegläichen oder och d'Gebai opzemoossen. Am Fall wou een Cahier des Charges, Rechnunge vu schon realiséierte Sanéierungsmesuren oder aner Dokumenter virleien, gläicht den Expert déi Donnéeë mat dem Istzustand of a verbessert bzw. aktualiséiert den Datebestand. Leie kéng Informatiounen iwwert déi verbaute Materialien an hier Ausféierung vir, da mussen dës Donnéeë während der Visite opgeholl ginn. Weiderféierend Informatioune wéi Ausriichtung, Laach, Verschattung an Dichtheet vum Gebai mussen och opgeholl ginn. D’Visite des lieux ass domat absolut néideg. Sollten exotesch Materialkombinatioune fonnt ginn, ginn déi vum Expert recherchéiert. Déi nächst Etape ass d’Berechnung vum Energiepass mat uschléissender Plausibilitéitspréifung vun de Resultater. Déi läscht Etape ass mindestens zwee Virschléi fir eng energetesch Sanéierung ze erschaffen an se op den Energiepass ze schreiwen. Déi Virschléi sinn een obligatoreschen Deel vum Energiepass.

Professionalitéit a Seriositéit
Gidd nëmme bei ee seriéisen Expert mat Erfahrung. Een Expert deen eng Visite-des-Lieux net fir néideg oder fir onwichteg hält, keng Mesurë fir energetesch Verbesserunge vum Gebai virschléit oder keng Consommatioune vum Haus am Energiepass andréit ass net konform mat der aktueller Gesetzgebung. Dës Expertise ass net fachmännesch. Op Ufro vum Proprietaire ass den Expert verpflicht seng Berechnungen zougänglech ze maachen.

Energieberodung
Et ass wichteg tëscht engem Energiepass an enger Energieberodung ze ënnerscheeden. Den Energiepass ass ënnert verschidde Konditiounen een obligatorescht Dokument. Et ginn normalerweis beim Ausschaffe vun de Verbesserungsvirschléi fir d’thermesch Hüll dei Transformatiounen zeréckbehal mat dem beschte Verhältnis vun Investitioun zu Energieaspuerung. Déi Verbesserungsvirschléi sinn kuerz gefaasst Indikatiounen. Fir d’Ausstelle vun engem Energiepass kënne keng staatlech Subventioune beusprocht ginn. D’Energieberodung stellt dogéint en eenheetlecht Konzept vun dem Objet duer an ass d’Basis fir den Accord vu staatleche Subventiounen. D’Energieberodung selwer kann och subventionéiert ginn. Iwwert der Energieberodung steet dann Planung, Konzeptioun a Bauiwwerwaachung als weider Servicer déi net méi zu der Energieberodung gehéieren.

Präis
Well zu Lëtzebuerg déi verbrauchsorientéiert Berechnungsmethod net zougelooss ass an eng Visite-des-Lieux onverzichtbar ass, kann een den Energiepass net online mat enger Software automatesch berechnen. D’Präisser fir Eefamilljenhaiser fänke bei 550 Euro un, a kënne jee no Komplexitéitsgrad a Gréisst bis op 700 Euro klammen. De Präis vun engem Energiepass fir eng Residenz läit tëscht 650 an 1500 Euro, jee no Unzuel vun Appartementer.