Energiepass Lëtzebuerg

Ufro Energiepass Lëtzebuerg

Wa Dir een Energiepass nom LuxEeb Reglement fir äert Gebai zu Letzebuerg braucht, da fëllt w.e.g. dëse Formulair aus. Dir kritt direkt eng Offer fir ee Pass vun engem zougeloossenen Expert geschéckt.
Energiepass Certificate Example
Energiepass Guide

Brauch ech een Energiepass?

Déi folgend Funktioun erlaabt Iech, a just 4 Klicks, erauszefannen ob dir een Energiepass braucht.

Ufänken

Energiepass

Heefeg gestallte Froen zum Energiepass zu Lëtzebuerg

  • Wéi laang ass en Energiepass zu Lëtzebuerg gëlteg a wien dierf en ausstellen?

    Passt op, datt den Energiepass, dee soll erstallt ginn, fir Lëtzebuerg gëlteg ass. Den Energiepass muss vun engem Architekt oder berodenden Ingenieur vum OAI, oder awer vun engem zougelossene Expert erstallt ginn. Den Energiepass ass 10 Joër lang gülteg. Zu Lëtzebuerg ass nëmmen de bedarfsorientéierte Energiepass zougelooss. Dank norméierte Randbedéngungen ass et méiglech verschidde Gebaier ënnereneen ze vergläichen. Déi verbrauchsorientéiert Berechnungsmethod, wéi se bei e puer Nopeschlänner ze fannen ass, féiert zu Lëtzebuerg net zu engem gëltegen Energiepass.

  • Wéi erkennen ech en professionelle a seriéise Expert fir en Energiepass?

    Sicht Iech en erfuerene a seriöse Gutachter/Beroder eraus. E Gutachter deen eng Besichtigung vum Objet net fir néideg hält, keng Moossname fir d'energetesch Verbesserung vum Gebai virschléit oder kategoresch keng gemosse Verbräich am Energiepass vermierkt, ass net am Einklang mat der aktueller Gesetzgebung a beréit Iech net fachgeméiss. Bei Bedarf ass de Gutachter ugehalen Iech seng Berechnungen zur Verfügung ze stellen.

  • Wéi vill kascht en Energiepass zu Lëtzebuerg?

    Well zu Lëtzebuerg d'verbrauchsorientéiert Berechnungsmethod net zougelooss ass an eng Begehung vum Objet onerlässlech ass, kann den Energiepass net mat Hëllef vun enger Online-Software automatesch berechent ginn. D'Präisser zu Lëtzebuerg fir Energiepäss fir bestoend Eefamilljenhaiser fänken bei 550 Euro un a kënnen bei komplexe, grousse Gebaier ouni disponibel Baupläng op bis zu 700 Euro eropgoen. Energiepasspräisser fir Méifamilljenhaiser leien tëscht 650 a 1500 Euro, jee no Unzuel vun den Eenheeten.

  • Wéi eng Aufgaben iwwerhëlt den Expert beim Erstelle vum Energiepass?

    Bei bestoende Gebaier fänkt d'Aarbecht vum Expert mat der Viruert-Besichtigung un. D'Uertbesichtigung huet zum Zil de Client bei Bedarf iwwer den Energiepass an Energieeffizienz vun Gebaier opzeklären, Pläng mat dem Istbestand ofzegläichen oder d'Gebai auszemoossen. Falls e Lastenheft, Rechnungen vun scho realiséierte Sanéierungungsmoossname oder aner Dokumenter virleien, vergläicht den Expert déi opgeféiert Donnéeë mat dem reale Istbestand oder vervollstännegt déi. Solle keng Informatiounen iwwer d'Materialien an Dämmstoffer virleien, musseen dës Donnéeë wärend dem Uertstermin erhuewe ginn. Weider Informatiounen wéi Ausrichtung, Lag, Verschattung an Dichtheet vum Gebai mussen ausserdeem erfaasst ginn, wat e Uertstermin absolut onerlässlech mécht. Falls exotesch Materialkombinatiounen verwend goufen, schléit de Experte dës no. Duerno fänkt hien un mat der Berechnung an Auswäertung. Dës Etapp gëtt ofgeschloss mat der Iwwerpréiwung vun de berechnete Resultater. Déi lescht Aufgab vum Gutachter besteet doran, wéinstens zwee op den Objet ugepasst Virschléi fir d'energetesch Sanéierung ze machen. Dës Virschléi sinn e wichtegen an obligatoresche Bestanddeel vum Energiepass.

  • Wat ass den Ënnerscheed tëscht Energiepass an Energieberodung zu Lëtzebuerg?

    Et ass wichteg tëscht Energiepass an Energieberodung ze ënnerscheeden. Den Energiepass kann ënner bestëmmten Ëmstänn e obligatorescht Dokument duerstellen. Et ginn normalerweis bei der Ausaarbechtung vun de Virschléi vun der thermescher Hüll am Fall vun enger Sanéierung d'Varianten mat dem beschte Verhältnis vun Investitioun zu Energieinsparung zeréckbehalen. Ausserdeem sinn d'Verbesserungsvirschléi nëmme kuerz gefaassten Hiwäiser. Bei der Ausstellung vun engem Energiepass kënne keng staatlech Subventiounen ugefo ginn. D'Energieberodung stellt awer en energetescht Gesamtkonzept vum betraffende Objet duer a déngt als Grondlag fir d'Ufro vu staatleche Beihilfen. D'Energieberodung selwer kann och bezuschusst ginn. Mat weider stäigendem Detailléierungsgrad kënnt een zur Projektioun, Konzeptioun, Plangung a Baustelleniwwerwaachung, déi weider Déngschtleeschtungen ausserhalb vun der Energieberodung duerstellen.

Artikelen

DateschutzVerzichterklärung

Energiepass • Built by 1nergie.lu • © 2026